Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 68.184 Artikelen an 125 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Routhirsch zu Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert praktesch ausgerott war, säi Bestand awer zanter der Mëtt vum 20. Joerhonnert nees an d'Luucht geet, op haut e puer Dausend Déieren?
- … de Spëtznumm „Chareli“ vun der Vizinalbunn vun der Stad op Iechternach op de Virnumm vum Minister Charles Rischard zeréckgeet?
- … all Joers vun der Asbl natur&ëmwelt e „Vull vum Joer“ ausgeruff gëtt, fir op eng bedreet Vullenaart zu Lëtzebuerg opmierksam ze maachen?
- … nach 100 Joer nom Doud vum Prënz Henri vun Oranien-Nassau, him zu Éieren eng Eech am Gréngewald geplanzt gouf?
- … een, fir ee Kilo Safran-Stempelen ze gewannen, 80.000 bis 150.000 Bléie brauch?
Artikel vun der Woch

D'Muerbelsmillen ass eng fréier Millen a Moschterfabréck am Pafendall, wou tëscht 1922 an 1985 Moschter fabrizéiert gouf.
D'Mille gouf an engem Dokument vun 1123 „Klouschtermillen“ genannt. 1501 gouf se fir d'éischt mat hirem Numm „Muerbelsmillen“ an engem Dokument ernimmt. Den Numm "Mohrfels" wier op déi schwaarz Fielswand vis-à-vis vun der Millen zeréckzeféieren.
Nodeems se no der Belagerung vun de franséischen Truppe eng Zäitchen zou war, goung se 1705 erëm als "Daubemillen" op. Vu 1763 bis an d'19. Joerhonnert era war d'Famill Printz neie Piechter, sou datt d'Millen ewell "Printzemille" genannt gouf. Nodeems s'am 19. Jh. e puermol de Proprietär oder Piechter gewiesselt hat, waren tëscht 1885 an 1919 den Nicolas Kieffer an den Nicolas Joachim déi lescht Mëller, déi do Käre gemuel hunn. Dono gouf, vun 1922 bis 1985, an der Mille Moschter gemuel a konditionéiert.
2010 gouf d'Millen, déi zanter der Mëtt vun den 1980er Joren eidel stoung, vun der Stad Lëtzebuerg opkaf a mam Haus niewendrun a Studentewunnengen ëmgebaut... > méi

Op engem 11. November
- 1821: Gebuert vum russeschen Dichter Fjodor Michailowitsch Dostojewski.
- 1885: Den US-amerikanesche Generol George S. Patton gëtt gebuer.
- 1895: De lëtzebuergesche Sänger an Dirigent Venant Paucké kënnt op d'Welt.
- 1917: De lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger Marcel Jander gëtt gebuer.

Guillaume (2026) - 1918: Zu Compiègne gëtt de Waffestëllstand tëscht dem Däitsche Räich an den Alliéierten ënnerschriwwen; Enn vum Éischte Weltkrich.
- 1918: Proklamatioun vun der Onofhängegkeet vu Polen.
- 1975: Angola gëtt vu Portugal onofhängeg.
- 1981: De Prënz a spéidere Groussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg kënnt op d'Welt.
Kierzlech Verstuerwen

- ≤ 9. November: Jean-Claude Asselborn (Jean Sorrente), lëtzebuergeschen Auteur.
- 6. November: Sebastián Lelio, chileenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- ≤ 6. November: Fred Becker, lëtzebuergesche Moler a Galerist.
- 4. November: Hubert Aiwanger, däitsche Politiker, Tinto Brass, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 3. November: Janosch, däitsche Kannerbuchauteur a Schrëftsteller.
E Bléck op…

Architekt: Sosthène Weis.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik