Place Émile-Hamilius
Ausgesinn
|
"Um Hamilius" am Oktober 2024 | |
| Numm | fr: Place Émile Hamilius |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Uertschaft | Lëtzebuerg |
| Quartier | Uewerstad |
| Koordinaten |
49° 36’ 39.7’’ N 06° 07’ 35.6’’ O |
| Genannt no | Émile Hamilius |
|
| |
D'Place Émile Hamilius ass eng Plaz an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg; se läit an der Verlängerung vun der Rue de la Poste, tëscht der Aldringerstrooss an dem Boulevard Royal.
Nodeems d'Aldringerschoul déi bis 1974 do stoung ofgerappt gi war, gouf d'Plaz als Busgare („den Aldringer“ genannt) ugeluecht an den 12. September 1977 a Betrib geholl.[1], Bis Enn Mee 2015 war si - nieft der Gare Centrale - en Haaptverkéierspunkt vun de Stater Bussen.
Tëscht 2017 an 2020 gouf d'Plaz, am Kader vun der Realisatioun vum Immobilieprojet Royal-Hamilius, an eng Plaz fir Foussgänger ëmgebaut.
D'Plaz krut hiren Numm als Undenken un de fréiere Buergermeeschter Émile Hamilius.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- D'Hamilius-Plaz virum fréiere Postgebai, virun den Ëmbauaarbechten.
- D'Busgare (Mäerz 2012)
- Den ënnerierdesche Passage, kuerz ier en zerguttst zougemaach gouf
- Schantjen op der Place Émile-Hamilius (Januar 2016).
- D'Place Émile-Hamilius (Oktober 2024)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Place Émile-Hamilius – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Am 12. September: Inbetriebnahme des neuen Autobusbahnhofs.. Revue 12 (10.09.1977). Gekuckt de 27.12.2025.
