Op den Inhalt sprangen

Knuedler

Vu Wikipedia
Knuedler
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'39"N, 6°7'49"O
De Knuedler vum Stadhaus aus gesinn (2009).

De Knuedler ass eng Plaz an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg. Offiziell heescht se "Place Guillaume II" nom Wëllem II. vun Holland, Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.

Vun 1250 un stoung do e Franziskanerklouschter. D'Kniet un der Kordel, déi Franziskaner droen, huet hinnen am Volleksmond den Numm Knuedler ginn, dee méi spéit op d'Klouschter selwer an op d'Plaz, op dÀr d'Klouschter stoung, iwwerdroe gouf. Nodeem d'Klouschter an der Franséischer Revolutioun opgeléist gi war, huet den Napoleon 1804 d'Klouschterareal der Stad Lëtzebuerg iwwerdroen. Doropshi goufen d'Gebaier no an no ofgerappt, an d'Plaz, wéi mer se haut kennen, ugeluecht, an déi am Ufank Place Napoléon geheescht huet an 1817 a Place Guillaume ëmgedeeft gouf. D'Haaptgebai gouf 1829 ofgerappt, fir Plaz ze maache fir d'Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg. Dëst gouf tëscht 1830 an 1838 am neoklassizistesche Stil no PlÀng vum Lécker Architekt Julien Rémont[1] gebaut. Déi bronze Léiwe lénks a riets vun der Haaptentrée goufen 1931 vum Auguste Trémont geschaf. Op der Plaz steet eng Statu vum Wëllem II. um PÀerd, déi 1884 opgeriicht gouf an no Oste kuckt. Zur selwechter ZÀit sollt zu Den Haag eng Statu vum Wëllem II opgeriicht ginn. D'Resultat huet awer net sou gefall, dofir gouf d'Statu 1924 op Tilburg geschéckt, an an d'Plaz koum eng Kopie vun dÀr um Knuedler, déi haut nach am Buitenhof ze gesinn ass.[2]

Op der SĂŒdsĂ€it vun der Plaz, lĂ©nks vum Stadhaus, steet e Monument zu Éiere vum Michel Rodange, dat 1932 ageweit gouf.

 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Michel-Rodange-Monument um Knuedler.

An den 1970er Jore gouf Ă«nner der Plaz en Ă«nnerierdesche Parking mat 4 StĂ€ck vu jee 3360 mÂČ pro 'Deck' gebaut. Am Januar 2016 gouf ugefaangen de Parking ze restaurĂ©ieren an ze vergrĂ©isseren. Bei dĂ©i ursprĂ©nglech 483 Parkplaze kommen der nach 268 derbĂ€i. D'technesch Installatioune gi modernisĂ©iert an d'Lifte fir d'Cliente ginn erneiert a vergrĂ©issert. D'Aarbechte sollen 2023 fĂ€erdeg sinn[3].

Um Knuedler gëtt de Stater Wochemaart ofgehalen, a wÀrend der Oktav den OktavmÀertchen.

Zanter 1991 ass do och all Joer en Open-air-Museksfestival, "Rock um Knuedler" genannt.

Ausgruewungen 2009/2011

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Bei de Buedemaarbechte fir den neie Biergerzenter um Knuedler goufen Enn 2009 Grondmauere fonnt. Doropshi gouf vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht eng archeologesch Gruewung realiséiert, bei dÀr d'Grondmauere vun engem Gebai an och Griewer aus dem Mëttelalter frÀigeluecht goufen. D'Gruewung gouf Enn Abrëll 2011 ofgeschloss.

Erweiderung vum ënnerierdesche Parking

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Wéinst der Erweiderung vum ënnerierdesche Parking a Richtung Rue du Fossé goufen am Juli 2018 zwou Platanen um Knuedler aus dem Buedem geholl. Si goufen um Lampertsbierg um Eck Avenue Sax / Rue Nicolas-Liez nei geplanzt.[4]

  • Clesse, RenĂ©, 2000. RonderĂ«m de Knuedlergaart. ons stad 64, S. 2-6.
  • Friedrich, Evy, 1979. Von HĂ€usern und Menschen um den Knuedler. ons stad 1, S. 12-14.
  • Huberty, Christiane, 2008. WĂ«llem II. Guillaume II. In: Kmec, S.; Majerus, B., M. Margue & P. PĂ©portĂ©: Lieux de mĂ©moire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2e Ă©dition, Luxembourg, S. 79-84.
  • Probst, Jean, 1994. Les monuments de la ville de Luxembourg: Guillaume II. ons stad 17, S. 20-21.
  • Zenner, Roby, 2009. "Knuedler": Wilhelm II. grĂŒĂŸt seit 125 Jahren. LĂ«tzebuerger Journal, Nr. 252, 31. Dezember 2009, S. 20.

Placken um Knuedler

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Historesch Biller

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Ausgruewungen 2009-2011

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
 Commons: Knuedler – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext Ànneren]
  1. ↑ Stater Chronik - Rectification in: Ons Stad Nr 28 vun 1988, S. 3 (Link op d'pdf-Dokument)
  2. ↑ Zenner (2009)
  3. ↑ (fr) Ville Haute : parking sous-terrain Place Guillaume II. vdl.lu. Gekuckt den 30.10.2023.
  4. ↑ nas, 2018. Abschied vom Knuedler. Zwei BĂ€ume sind von der Place Guillaume II nach Limpertsberg umgezogen. Luxemburger Wort vum 13. Juli 2018, S. 19.