Op den Inhalt sprangen

Kasachstan

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer de Kasachstan ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Қазақстан Республикасы
Qazaqstan Respublïkas
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Kasachesch (Nationalsprooch),
Russesch (offiziell Sprooch)
Haaptstad Astana
Staatsform Republik
Staatsleedung
President vum Kasachstan Qassym-Schomart Toqajew
Premierminister vum Kasachstan Olzhas Bektenov
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 2.724.900 km²
(9. Plaz)
Waasserfläch 1,7 %
Bevëlkerung 20.139.914 (01.06.2024)
Bevëlkerungsdicht 5,48 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Virgänger Sowjetunioun
Onofhängegkeet vun der Sowjetunioun,
de 16. Dezember 1991
Nationalfeierdag 16. Dezember
Nationalhymn Meniń Qazaqstanym
Praktesch Informatiounen
Wärung Teńge (KZT)
Zäitzon UTC +5[1]
Internet-TLD .kz
Internationalen Telefonsprefix +7

Kasachstan (op Kasachesch: Qasaqstan, op Russesch: Казахстан) ass e Staat an Zentralasien. D'Land grenzt am Norden u Russland, am Osten u China, am Süden u Kirgisistan, Usbekistan an Turkmenistan an am Westen u Russland an d'Kaspescht Mier. Streng geholl gehéiert de westleche Wupp vu Kasachstan geographesch nach zu Europa well en nach westlech vum Ural läit (ronn 5 % vum Staatsterritoire).

Den haitege Staat ass 1991 aus der fréierer Kasachescher Sozialistescher Sowjetrepublik ervirgaangen.

D'Haaptstad vu Kasachstan ass zanter 1997 Astana.

De Kosmodrom am kasachesche Baikonur ass déi gréisst Rakéitestartplaz op der Welt. D'Infrastruktur ass bis 2050 un d'Russesch Federatioun verlount.

Kasachstan ass zanter 1991 eng Presidialrepublik, an där de Staatschef all 7 Joer direkt gewielt gëtt. D'Parlament besteet aus dem Ënnerhaus mat 77 Memberen, déi all 5 Joer gewielt ginn, an dem Senat mat 39 Memberen, déi fir 6 Joer gewielt sinn a vun deenen der 7 vum Staatpresident ernannt ginn. All 3 Joer sinn Deelwalen.

De Mindestalter fir kënne wielen ze goen ass 18 Joer.

 Commons: Kasachstan – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (ru) Казахстан переходит на единый часовой пояс: что нужно знать. zakon.kz (29.02.2024).