Op den Inhalt sprangen

Sudan

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Republic of Sudan (Englesch)
جمهورية السودان (Arabesch)
Dschumhūriyyat as-Sūdān (Arabesch)
Republik Sudan
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
National Devise
"النصر لنا"
(D'Victoire ass eis)
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Arabesch, Englesch
Haaptstad Khartum
Staatsform Bundesrepublik ënner enger Militärdiktatur
Staatsleedung
President vum militäreschen Iwwergangsrot Abdel Fattah Burhan
Premierminister vum Sudan Abdalla Hamdok
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 1.886.068 km²
(16. Plaz)
Bevëlkerung 40.533.330 (2017)
(35. Plaz)
Bevëlkerungsdicht 16,4 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet 1. Januar 1956 (Enn vum brittesch-egyptesche Kondominium)
Nationalfeierdag 1. Januar
Nationalhymn Nahnu dschund Allah dschund al-watan
Praktesch Informatiounen
Wärung Sudaneesescht Pond (SDG)
Zäitzon UTC +3
Internet-TLD .sd
Internationalen Telefonsprefix +249

De Sudan, offiziell Republik Sudan (op Arabesch: جمهورية السودان), ass e Staat an Nordostafrika mat Zougank bei d'Rout Mier.

De Sudan läit am Dall vum Nil an Nordafrika a grenzt un Egypten am Norden, un d'Rout Mier, Eritrea an Ethiopien am Osten, un de Südsudan am Süden, un d'Zentralafrikanesch Republik am Südwesten, un den Tschad am Westen an u Libyen am Nordwesten.

Mat iwwer 1,8 Millioune km2 ass den Sudan dat drëttgréisste Land an Afrika.

Vun 1955 bis 1972 an dunn nees vun 1983 bis 2005 war de Sudan stänneg am Biergerkrich, am Kader vun deem et 1989 ënner dem Generalleutnant Umar Hasan Ahmad al-Baschir zu engem Militärputsch koum. Obwuel hien zanterhier oncontestéiert iwwer d'Land herrscht, sou konnt en awer ni d'Regierungsgewalt iwwer de Süde gewannen. 2005 gouf dunn e Friddensofkommes tëscht der Regierung zu Khartum an der Sudaneesescher Volleksbefreiungsarméi (SPLA), där wichtegster südsudaneesescher Rebellegrupp, ënnerschriwwen. Et huet dem Süden Autonomie accordéiert an e Referendum iwwer d'Onofhängegkeet virgesinn, dat vum 9. bis de 15. Januar 2011 duerchgefouert gouf an den 9. Juli vum selwechte Joer zur Sezessioun vum Südsudan gefouert huet.

Literatur zum Theema

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Sudan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]