Op den Inhalt sprangen

Schëffleng

Vu Wikipedia
Schëffleng
Den Zenter vu Schëffleng (2025)
An anere Sproochen fr: Schifflange
de: Schifflingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Carlo Feiereisen (LSAP)
Awunner 11.674
  1. Januar 2026
FlÀch 776,0088 ha
Héicht 291 m
Koordinaten 49° 30’ 20’’ N
      06° 00’ 45’’ O
Postcode 3850
LAU-Code LU0214
WebsÀit https://schifflange.lu/
D'Gemeng Schëffleng (orange) am Kanton Esch-Uelzecht (rout)

Kaart

Vue op Schëffleng, vun der "Plakeger Kopp" aus (2008)
D'MÀrei vu Schëffleng (2011)

D'Gemeng Schëffleng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se lÀit am Kanton Esch-Uelzecht an de Chef-lieu vun der Gemeng ass Schëffleng, déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.

D'Gemeng huet 11.674 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

D'Gemeng SchĂ«ffleng ass 771 ha grouss a lĂ€it am SĂŒde vu LĂ«tzebuerg op enger HĂ©icht tĂ«scht zirka 275 a 400 m.

Nopeschgemenge si Monnerech am Norden, Beetebuerg am Osten, Keel am SĂŒden an Esch-Uelzecht am Westen.

Am nërdlechen Deel vun der Gemeng leeft d'Kiemelbaach an d'Uelzecht laanscht d'Uertschaft Schëffleng.

Wandrous Monnerech Wandrous
Esch-Uelzecht N Beetebuerg
W    Schëffleng    O
S
Keel

HĂ€ff a Lieu-diten an der Gemeng

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

D'Gemeng Schëffleng ass den 31. August 1876 op der Basis vum Gesetz vum 6. Juli 1876 geschaf ginn, andeems d'Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt gouf fir déi nei eegestÀnneg Gemeng ze bilden[3].

Beschreiwung am Originaltext:

d'or à la bande de gueules, chargée de trois moufles senestres d'argent appaumées, posées dans le sens de la bande
A.GD. 12. MÀerz 1975 - Mémorial B 1975, SÀit 374

Den 1. Januar 2012 hat Schëffleng 8.949 Awunner, wourënner 5.568 Awunner Lëtzebuerger, 1.617 portugisescher, 293 italieenescher, 334 franséischer, 108 dÀitscher, 69 belscher an 971 anerer Nationalitéit sinn[4].

Demographesch Entwécklung

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
AwunnerJoer0200040006000800010.00012.000180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

De Gemengerot vu Schëffleng gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2017 aus 15 (virdrun: 13) Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

JoerADRCSVDPgréngLSAPlénk
199915115-
200504117-
201104126 -
2017-6126-
2023-51261

Quell: InneministĂšre / RTL.lu / elections.lu

Schëffleng gëtt zanter 2017 vun enger CSV-déi gréng-Koalitioun regéiert. 2011 bis 2017 war dat eng tëscht LSAP an CSV.

Buergermeeschtere vu Schëffleng

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  • 1876 – 1882: Michel Noel
  • 1883 – 1887: Jean Klein
  • 1888 – 1892: Michel Noel
  • 1893 – 1911: Jean Conrad
  • 1912 – 1915: Jean Klein
  • 1916: Gaspar Arensdorff
  • 1917 – 1925: Jean Claus
  • 1926 – 1928: Jean Jaas
  • 1929 – 1934: Denis Netgen (LSAP)
  • 1935 – 1941: Nicolas Grund
  • 1944 – 1963: Denis Netgen
  • 1964 – 1969: Hubert Olinger
  • 1970 – 1985: Astrid Lulling (LSAP /SDP/CSV)
  • 1985 – 1993: Nicolas Frisch
  • 1994 – 2002: Nelly Stein (CSV)
  • 2003 – 2017: Roland Schreiner (LSAP)
  • 2017 – 2025: Paul Weimerskirch (CSV)
  • zanter Juli 2025: Carlo Feiereisen (LSAP) [5][6]

Verkéiersubannung

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Wichtegst Stroosseverbindung ass d'A13, dĂ©i vu PĂ©iteng bis op Schengen fĂ©iert an duerch den nĂ«rdlechen Deel vun der Gemeng geet. Op engem kuerze StĂ©ck am Nordweste geet d'A4 duerch d'Gemeng, dĂ©i Esch-Uelzecht mat LĂ«tzebuerg verbĂ«nnt. Ganz am SĂŒde geet d'N31 iwwer e klengt StĂ©ck vun der Gemeng. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 164, 166, 168 an 169 duerch d'Gemeng.

Ëffentlechen Transport

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

D'Gare vu SchĂ«ffleng lĂ€it op de Linne Rodange - Esch-Uelzecht - LĂ«tzebuerg - Ëlwen a Rodange - Esch-Uelzecht - LĂ«tzebuerg vum CFL-Zuchreseau.

Schëffleng ass iwwer d'Linn 4 vum TICE mat Esch-Uelzecht, Keel an Diddeleng verbonnen a gëtt ë. a. vun den RGTR-Linnen 612, 812, 813, 830, 840, 850, 860, 861, 870, 882, L03 an N01 ugefuer. Ausserdeem ass de Ruffbus feste Bestanddeel vum Schëfflenger ëffentlechen Transport.

D'Industriezon Monkeler am DrÀieck tëscht der A4 an der A13 lÀit zum Deel um Gebitt vun der Gemeng. Am bekanntsten ass do d'Zementsfabrick. Richtung Féiz erstreckt sech zanter uganks vun den 2020er Joren d'Industriezon Op Herbett.

Kultur a KuckeswÀertes

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  • Kulturariichtungen
  • Bestgensmillen
  • Konschtgalerie vum SIT-SchĂ«ffleng
  • ResistenzmusĂ©e SchĂ«ffleng

Reliéis Gebaier

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Partnerschafte mat auslÀnnesche Stied

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Clibb a VerÀiner

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Bekannt Schëfflenger

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Mat Schëffleng verbonne Persoune

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Interkommunal Syndikater

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Schëffleng ass Member a verschidden Interkommunal Syndikater:

  • JĂ©rĂŽme Courtoy, 2019, Schifflingen im Ausnahmezustand. Zwischen Kriegsvorbereitungen, Evakuation und Besatzung. Ein Rekonstruktionsversuch., Adm. municipale Schifflange, 64 S. ISBN 978-2-9199539-2-9
  • JĂ©rĂŽme Courtoy, 2018, Die Eingemeindung Schifflingens an Esch/Alzette. Ein Rekonstruktionsversuch, Adm. municipale Schifflange, 32 S. ISBN 978-2-9199539-0-5
  • Emil Angel, 2016, SchĂ«ffleng, Eine Stadt im Wachsen und Werden, 104 S. ISBN 978-99959-955-1-5
  • Jean Hansen, 1997, SchĂ«fflĂ©ng, sĂ©ng Geschicht a sĂ©ng Geschichten, Association des commerçants et artisans, Quintus (Esch-Uelzecht), 251 S.
  • 1996, Schifflange, sa commune et ses activitĂ©s Adm. municipale Schifflange, 52 S.
 Commons: SchĂ«ffleng – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. ↑ DĂ«s Informatioun gĂ«tt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. ↑ STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des Ă©tudes Ă©conomiques. Gekuckt den 29. Juli 2026.
  3. ↑ (fr) Loi du 6 juillet 1876, concernant la crĂ©ation d'une nouvelle commune sous le nom de Schifflange. data.legilux.public.lu (06.07.1876). Gekuckt den 12.07.2026.
  4. ↑ WebsĂ€it vun der Gemeng SchĂ«ffleng, Kategorie: Demographesch Situatioun ArchivĂ©iert den 19.02.2013. Gekuckt de 25.02.2013.
  5. ↑ "Neues Jahr, neuer BĂŒrgermeister." wort.lu, 31.12.2024.
  6. ↑ (fr) Assermentation de Carlo Feiereisen, bourgmestre, et de Nadine Kuhn-Metz, Ă©chevin, de la commune de Schifflange. maint.gouvernement.lu (24.07.2025). Gekuckt de 25.07.2025.
  7. ↑ – thorn/ Empfang zur Éier vum Laura Thorn vum 6. Juni 2025, Offiziell WebsĂ€it vun der Gemeng SchĂ«ffleng, Gekuckt den 25. Juni 2026
  8. ↑ – will-wieder-auf-den-wanderthron-4f61b7cce4b0860580a9f172 Wort-Artikel Schifflinger will wieder auf den Wanderthron