Op den Inhalt sprangen

Manhay

Vu Wikipedia
Manhay
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Marche-en-Famenne
Awunner 3.463 (1. Januar 2018)
FlÀch 11.981
Koordinaten 50° 17’ 32’’ N
      05° 40’ 32’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6706
WebsÀit https://www.manhay.be

Manhay ass eng Uertschaft a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Déi haiteg Gemeng ass bei der belscher Gemengereform 1977 duerch d'Fusioun vun de fréiere Gemengen Dochamps, Grandménil, Harre, Malempré, Odeigne a Vaux-Chavanne entstanen. Den Numm vun der Gemeng kënnt vun engem Lieu-dit aus der fréierer Gemeng Vaux-Chavanne.

Wopen a FĂ€ndel

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Originaltext: D'argent Ă  une tĂȘte-et-col de sable accostĂ©e et soutenue de trois losanges d'azur, au chef de gueules Ă  trois feuilles de chĂȘne d'or posĂ©es en pal et rangĂ©es.

Am Gemengerot gouf den 3. Oktober 1995 iwwer de Wopen decidĂ©iert an den ArrĂȘtĂ© executif ass vum 28. MĂ€erz 1996.

Déi fréier Gemengen haten all kee Wopen. De Wope gouf aus Elementer vun deene vu fréieren HÀren aus der Géigend zesummegestallt. Dat waren de Wope vum Haus Stolberg fir den Hirschkapp, a Leuze-Neufforge fir d'Rauten. D'Eecheblieder sollen déi grouss Bëscher an der Géigend duerstellen. D'Emailer Rout a Gold um Kapp vum Wope sollen un d'franseisch Communautéit erënneren, a Rout, WÀiss, Blo soll Zougehéieregkeet zu der Provënz Lëtzebuerg duerstellen.

De FÀndel huet siwe StrÀifen, wÀiss, blo, wÀiss, rout, wÀiss, blo, wÀiss, dem laange Wee no.

D'Kierch.
D'Gemengenhaus zu Manhay

Offiziell WebsÀit vun der Gemeng

 Commons: Manhay – Biller, Videoen oder Audiodateien