Op den Inhalt sprangen

Gemeng Dippech

Vu Wikipedia
Gemeng Dippech
D'Gemengenhaus zu Schuller
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Dippach
de: Dippach
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Capellen
Gemeng Kanton Capellen
Chef-lieu Schuller
Buergermeeschter Manon Bei-Roller (LSAP)
Awunner 4.721
  1. Januar 2026
Fläch 1.726,149 ha
Héicht 368 m
Koordinaten 49° 35’ 16’’ N
      05° 58’ 47’’ O
LAU-Code LU0101
Websäit https://www.dippach.lu/
D'Gemeng Dippech (orange) am Kanton Capellen (rout)

Kaart

D'Gemeng Dippech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Schuller.

D'Gemeng huet 4.721 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

D'Gemeng Dippech läit am Kanton Capellen tëscht de Gemenge Garnech a Mamer am Norden, Bartreng am Osten, Reckeng op der Mess a Suessem am Süden, a Käerjeng am Westen.

Eng Partie vun der Gemeng läit op engem grousse Plateau, deen deelweis d'Waasserscheed tëscht dem Rhäin- an dem Meusebaseng mécht, mat dem héchste Punkt an den Ierwenhecken am Nordweste vun der Gemeng op 378 Meter.

Vun der Gemengefläch sinn 303 ha Bëscher, an 28 ha Akerland oder Wise sinn am Besëtz vun der Gemeng.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Wandrous Garnech Mamer Wandrous
Käerjeng N Bartreng
W    Dippech    O
S
Suessem Reckeng/Mess

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

D'Dierfer Dippech, Betteng, Schuller a Sprénkeng goufen am Mëttelalter fir d'éischt ernimmt.[3]

1795 goufen d'Éisträichesch Nidderlanden, zu deenen deemools och Lëtzebuerg gehéiert huet, vu franséische Revolutiounstruppen eruewert. Lëtzebuerg an déi aner Territoirë goufe vun der neier franséischer Republik annexéiert, an déi véier Dierfer sinn an der Gemeng Dippech regruppéiert ginn.[3]

Wärend dem Zweete Weltkrich ass d'Gemeng net zerstéiert ginn. Den 9. September 1944 hunn amerikanesch Truppen d'Gemeng vum däitsche Besatzer befreit, een Dag virun der Stad Lëtzebuerg.[3]

Dippech ass zanter 1973 mat Landiras aus dem franséischen Departement Gironde jumeléiert.

Beschreiwung am Originaltext[4]:

De gueules au griffon d'or, à la bordure de sable chargée de huit socs de charrue d'or.

D.C. 11. Juni 1981 - A.M. 28. September 1981 - Mémorial B 1981, Säit 1156 - Projet: Foni Tissen 1970.

De Griffon ass aus dem Wope vun enger Famill vu „Betteng“ iwwerholl (de gueules au griffon d'argent, verschiddene Quellen no: de sable au griffon d'argent), woubäi et net kloer ass, ob mat „Betteng“ d'Uertschaft Betteng op der Mess an der Gemeng Dippech gemengt ass. D'Plouschueren erënneren un de landwirtschaftleche Charakter vun der Gemeng.

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 11 vum Republikanesche Kalenner (1802-1803) hat d'Gemeng 705 Awunner, dorënner 169 zu Betteng (24 % vun der Gemengebevëlkerung), 262 zu Dippech (37 %), 86 zu Sprénkeng (12 %) an 188 zu Schuller (27 %).[3]

2015 hu 4.122 Leit an der Gemeng gewunnt, dorënner 1.172 zu Betteng (28 %), 993 zu Dippech (24 %), 528 zu Sprénkeng (13 %) an 1.429 zu Schuller (35 %).

AwunnerJoer010002000300040005000180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

De Gemengerot vun Dippech gëtt zanter 2005 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

[änneren | Quelltext änneren]
JoerCSVDPLSAPLB
2005524-
2011425-
20172252
20232 342

LB: D'Lëscht vun de Bierger. Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Perséinlechkeeten aus der Gemeng Dippech

[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Dippech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Veräinsliewen

[änneren | Quelltext änneren]

An der Gemeng Dippech sinn eng Rei Veräiner aktiv, dorënner verschidde Chorallen a Museksveräiner, d'Dippecher Dachsen (Guiden a Scouten), de Kabarä PEPpERONI, de Land Rover Club Lëtzebuerg an d'Hëllefsorganisatioun Dippech hëlleft.[10]

Am Sportberäich gëtt et den Tennis Club Dippech, d'Union Cycliste Dippach, de Bettener Reitclub an den FC Étoile Sportive Schouweiler.[10]

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Gemeng Dippech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 28. Juli 2026.
  3. 1 2 3 4 Site vun der Gemeng Dippech: Histoire de la commune (gekuckt de 16. Mee 2018)
  4. Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 81 (fr).
  5. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  6. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert den 28.03.2016. Gekuckt de 04.11.2015.
  7. Gemeinderatsverhandlungen. In: Luxemburger Wort, 111. Jg., n° 63 (04.03.1958), p. 6[Digitis ed by the National Library of Luxembourg].
  8. Bürgermeister Nicolas Calmes aus Dippach beendet seine politische Laufbahn. In: Luxemburger Wort, 128. Jg., n° 298 (29.12.1975), p. 5. Digitised by the National Library of Luxembourg]
  9. Manon Bei-Roller neue Bürgermeisterin von Dippach op wort.lu gelies 9.10.2017
  10. 1 2 Site vun der Gemeng Dippech: Associations locales (gekuckt de 16. Mee 2018)