Op den Inhalt sprangen

Gemeng Beefort

Vu Wikipedia
Gemeng Beefort
d'Märei vu Beefort (2006)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Beaufort
de: Befort
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Iechternach
Gemeng Kanton Iechternach
Chef-lieu Beefort
Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch
Awunner 3.102
  1. Januar 2026
Fläch 1.376,22 ha
Héicht 357 m
Koordinaten 49° 50’ 08’’ N
      06° 17’ 26’’ O
LAU-Code LU1001
Websäit http://www.beaufort.lu/
D'Gemeng Beefort (orange) am Kanton Iechternach (rout)

Kaart

D'Gemeng Beefort ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Iechternach. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Beefort vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 3.102 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

D'Gemeng Beefort läit am Nordoste vum Land am Kanton Iechternach an ass ëmgi vun de Gemenge Reisduerf am Norden, Bäerdref am Osten, Waldbëlleg am Süden an Ärenzdall am Westen.

Beefort ass en Deel vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Wandrous Reisduerf (D) Wandrous
Ärenzdall N Bäerdref
W    Beefort    O
S
Waldbëlleg

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Beefort ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Beschreiwung am Originaltext[3][4]:

D'or à la tour ouverte, crénelée de cinq pièces de gueules, maçonnée de sable, au chef de gueules chargé d'un lambel à cinq pendants d'argent.
D.C. 3. Juli 1986 - A.M. 10. Oktober 1986 - Mémorial B 1986, Säit 1374 - Projet: Marcel Lenertz 1986

Figur 1
Figur 2

Beefort war fréier eng wichteg Seigneurie, där hir Hären, Nokommen vun deene vu Wolz (d'or au chef de gueules, Figur 1) e Wopen d'or au chef de gueules brisé d'un lambel de cing pendants à l'ancienne d'argent (Figur 2) gedroen hunn.

Méi spéit gouf den ale Lambel heiansdo mat engem mat moderne Formen ersat. Dës lescht Versioun gouf iwwer vill Joren inoffiziell vun der Gemeng benotzt. 1986 huet d'Gemeng probéiert, dee Wopen offiziell unerkannt ze kréien. D'heraldesch Kommissioun huet festgestallt, datt – souwuel aus heraldesche wéi och aus juristesche Grënn – déi al Herrschaftswopen net einfach sou benotzt konnte ginn an dowéinst ass de Wopen, deen uewe beschriwwen ass, geschaf ginn.[5]

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer500100015002000250030003500180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

Beefort war bis d'Gemengewalen 2017 eng Majorzgemeng. Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf de Gemengerot eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt.

Nodeems an der Folleg vun de Wale vun 2023 e Recours ageluecht gouf, well ee Kandidat géint d'Residenzklausel vum Walgesetz verstouss hat[6], goufen d'Wale vun der Cour administrative annuléiert an den 8. Oktober 2023 huet deemno an der Gemeng nei gestëmmt misse ginn.[7][8]. De Jean-Luc Nosbusch (Är Lett) gouf doropshi Buergermeeschter, an de Bruno Domingues Grilo an d'Lynn Mossong (béid Biergerlëscht) Schäffen.[9]

Resultater

JoerLett*BL*
202374

*Lett = Är Lett; BL = Biergerlëscht Beefort Déiljen Grondhaff

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Buergermeeschteren zanter 1795[10]
vu(n) bis Buergermeeschter
1795 1814 Jean Goerges Even
1815 1819 Jean Cigrang
1820 1830 Charles Even sen.
1830 1842 Michel Eiffes
1843 1849 Conrad Cigrang
1849 1866 Charles Even jun.
1866 1886 J. P. Even
1886 1909 Henri Even
1909 1929 Joseph Linkels
1930 1938 Bernhard Bollig
1938 1944 Jean Conter
1944 1945 Eugène Bollig
1946 1947 Henri Kramp
1947 1963 Alex Dostert
1964 1987 Léon Bartimes
1988 ... Joseph Lux
... 1998 Guy Hanff
1999[11] 2023 Camille Hoffmann
2023 haut Jean-Luc Nosbusch

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
Beefort aus der Loft

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Beefort ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Gemengeblietchen

[änneren | Quelltext änneren]

Bis 2005 huet d'Gemengeblietchen De Beforter geheescht. Duerno De Beeforter.

 Commons: Gemeng Beefort – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 28. Juli 2026.
  3. (fr) Armoiries. Beaufort (30.11.2022). Gekuckt den 13.05.2023.
  4. Mémorial B – Recueil de législation, 10. Oktober 1986, digitaliséiert op Wikimedia Commons: commons:Mémorial B 1986-10-10 Beaufort.jpg.
  5. Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 31 (fr).
  6. Art. 192 – Pour être éligible, il faut: (…) 4° avoir sa résidence habituelle depuis six mois dans la commune lors du dépôt de sa candidature, c'est-à-dire y habiter d'ordinaire.
  7. (lb) Residenzklausel mëssuecht: Zu Beefort gëtt den 8. Oktober nei gewielt. www.rtl.lu (04.07.2023). Gekuckt de 06.07.2023.
  8. (fr) Communiqué de presse de la Cour administrative en relation avec les élections communales à Beaufort. justice.public.lu. justice.public.lu (04.07.2023). Gekuckt den 09.07.2023.
  9. Volker Bingenheimer: "Jean-Luc Nosbusch wird Bürgermeister von Befort." wort.lu [w+] 11.10.2023.
  10. Quell: 75me anniversaire Fanfare de Beaufort [Luxembourg, 1966], S. 150
  11. Gemeinde Befort: Der neue Gemeinderat steht." In: Tageblatt, nº 241 (19.10.1999), p. 22 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  12. Robert Philippart, Kurze Entstehungsgeschichte der Kunsteisbahnen in Luxemburg, nos cahiers, Nr. 4, 2024, S. 97-122