Bastioun Beck
D'Bastioun Beck (och nach: Bastioun Saint Jean; haut: Place de la Constitution) war e Festungswierk vun der Festung Lëtzebuerg, dat 1644 gebaut gouf. Am fréiere Bastiounshaff ass haut d'Place de la Constitution mam Monument du souvenir, der sougenannter "Gëlle Fra". D'Bastioun war offiziell als "Saint Jean" geplangt, gouf dunn awer nom Stater Bierger, Baron a Gouverneur Jean Beck benannt.
Baugeschicht
[Ànneren | Quelltext Ànneren]

1346-1347 hunn d'Bauaarbechten ugefaangen[1], dĂ©i de befestegte BerĂ©ng vun der Stad LĂ«tzebuerg erweidere sollten. DĂ©i nei Quartiere virun der Ă©ischter Ămwallung sollten duerch eng zweet Mauer mat hallefronnen Tierm geschĂŒtzt ginn. Op der SĂŒdsĂ€it gouf dĂ©i Mauer op de Fiels iwwer dem PĂ©itrussdall gesat, ongefĂ©ier do wou haut de Boulevard Roosevelt leeft. Texter beleeĂ«n, datt dĂ©i Mauer och e Wiergank an e Gruef hat. DĂ«s Mauer bestoung aus 19 Tierm, dĂ©i um Deventer-Plang vu 1581 verzeechent sinn, vun der Porte Saint Jost bis bei d'Helleg-Geescht Bastioun[2]. Op der HĂ©icht vun der Bastioun Beck stoungen 3 Tierm, dĂ©i och um Deventer-Plang vu 1560 verzeechent sinn.
No der Prise duerch de Philippe III. vun der Bourgogne (genannt le Bon) 1443, goufen eng Rei Haiser a GÀert laanscht deem Deel vun der Mauer ofgerappt fir weidere Befestegunge Plaz ze maachen. D'Mauer gouf verstÀerkt, andeems Buedem hannendrun opgetippt gouf. Vu 1548 un, si sou op der ganzer Front 3 erhéicht Plattforme fir d'Artillerie entstanen. Op der Héicht vun der haiteger Bastioun Back ass sou d'Kaz Conte Mansfelt entstanen. GlÀichzÀiteg gouf tëscht deenen 3 Kazen, Conte Mansfelt (Bastioun Beck), del Prevosto (Bastioun Louis) an Egmonte (haut de Kanounenhiwwel) eng Verbindungsmauer gebaut. Méi spéit gouf virun déi 3 mëttelalterlech Tierm eng éischt Bastioun gebaut. Ob déi éischt Bastioun d'Form vun der haiteger Struktur hat, oder eventuell souguer identesch war, ass net gewosst. De Plang vum Janssonius aus dem Joer 1657 weist op jiddwer Fall op dëser Plaz eng drÀieckeg Struktur, dÀr hir Capitale op dÀr Héicht lÀit, wou d'Fielswand e Knécks vun e puer Meter no hanne gemaach huet an dunn a Richtung St.-Jost-Paart gelaf ass, an och de François Mersch schwÀtzt eréischt fir d'Joer 1644 vum Bau vun der Bastioun Beck/Saint Jean.
Dee Moment hunn 3 Bauperioden niefteneen existéiert: déi mëttelalterlech Mauer bestoung, grad sou wéi d'Kazen an déi nei Bastiounen[3].
Am Wanter 1683 â 1684 si fransĂ©isch Truppe vum Louis XIV dĂ©i Ă©ischt KĂ©ier virun der Festung opgedaucht. Op ChrĂ«schtdag 1683 hunn d'Fransousen Ă«nner dem Louvois e schreckleche Bombardement op d'Festung lancĂ©iert, deen an der Stad vill Schued gemaach huet. D'Fransousen hu sech doropshin zerĂ©ckgezunn, ma am FrĂ©ijoer ass d'Festung LĂ«tzebuerg du belagert ginn. Den 3. Juni 1684 huet d'spuenesch Garnisoun kapitulĂ©iert[4].
Dem Vauban seng Festungsaarbechten hunn d'Gesiicht vun der Stad komplett changéiert, an aus hir eng formidabel Festung gemaach. Déi bannenzeg Diddenuewener Front, mat de Bastioune Jost, Beck, Louis an der Helleg-Geescht Bastioun gouf opgewÀert. Besonnesch d'Bastioun Louis gouf erneiert. Baulech war domat deen Zoustand vun der Bastioun erreecht, vun deem een haut nach d'Reschter gesÀit. Vu datt de Vauban seng Haaptustrengungen op d'VerstÀerkung vun der Neipaartsfront an der Befestegung vun den Héichte ronderëm d'Stad konzentréiert huet, gouf d'Bastioun Beck net méi grouss modifizéiert.
Ănner ĂistrĂ€icher Besatzung gouf 1745 eng Fausse braie tĂ«scht de Bastioune Louis a Beck ugeluecht an tĂ«scht 1746 a 1751 goufe Kasematten iwwer der Fausse braie Louis-Beck gegruewen. 1747 gouf eng weider Kasematt bei der rietser Flank vun der Bastioun gebaut, iwwer der Fausse braie Beck-Jost[5].
Schleefen
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Beim Schleefe vun der Festung gouf de Parapet ofgedroen an am fréiere Bastiounshaff gouf eng Plaz amenagéiert. Och d'Fausse braië goufe fir de Public no an no amenagéiert an opgemaach; de Parapet vun der Fausse braie Beck-Jost gouf zum Beispill 1875 ofgedroen[6].
Weidere Gebrauch
[Ànneren | Quelltext Ànneren]

D'Place de la Constitution
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Nom Schleefe vum Parapet gouf eng Trap laanscht déi lénks Flank vun der Bastioun op d'Fausse braie Louis-Beck gebaut, duerch déi een zu Fouss konnt an de Péitruss-Dall goen. De Bannenhaff gouf als Park amenagéiert.
Nom Amenagement vun dĂ€r Plaz huet den deemolege Staatsminister Paul Eyschen sĂ€i Wonsch ausgedrĂ©ckt, d'MĂ©iglechkeet z'analysĂ©ieren duerch d'Kasematte vun der Bastioun e Lien tĂ«scht de Fausses BraiĂ« Louis-Beck a Beck-Jost hierzestellen. Den deemolegen Ingenieur huet awer en negativen Avis ofginn, well d'Trapen zum groussen Deel futti, an d'GĂ€ng ze verwĂ©nkelt wieren. AllerdĂ©ngs huet en d'MĂ©iglechkeet gesinn, een Deel vun de Kasematte fir Touristen opzemaachen, an dofir dĂ©i lĂ©nks Flank vun der Bastioun mat Ăffnungen z'equipĂ©ieren, dĂ©i nach haut siichtbar sinn[7].
Op der Place de la Constitution ass den 23. Mee 1923 e Monument opgeriicht ginn, dĂ©i un dĂ©i LĂ«tzebuerger Zaldoten erĂ«nnere sollt dĂ©i op fransĂ©ischer SĂ€it am Ăischte Weltkrich gestuerwe sinn. Am Laf vun de JoerzĂ©ngte si weider Placken derbĂ€ikomm, dĂ©i un dĂ©i Gefalen am Zweete Weltkrich an am Koreakrich erĂ«nnere sollen.
 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Gëlle Fra.
D'Plaz ass haut eng Touristenattraktioun wéinst der Gëllener Fra an duerch déi gutt Vue an de Péituss-Dall. Si gëtt och als Parking benotzt.
D'Kasematten
[Ànneren | Quelltext Ànneren]D'Kasematte vun der Bastioun Beck sinn haut fir Touristen zougÀnglech.
 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Péitruss-Kasematten.
D'Fausse braie Beck-Jost
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Op dëser Fausse braie hat d'Société des Arquebusiers de la Ville de Luxembourg nom Schleefe vun der Festung hire Sëtz. Vun der Fausse braie ass op Ziler beim fréiere Fort Bourbon, do wou haut de Sëtz vun der Spuerkeess ass, also queesch iwwer den Dall geschoss ginn.
Am Oktober 1892 gouf decidéiert, op Virschlag vum deemolege Chefingenieur vun den Travaux publics, d'Fausse braie fir de Public opzemaachen[8]. Do ass hautdesdaags eng Parkanlag mat FÀndelen. Déi gréisst FÀndelsstaang ass méi héich wéi d'Courtine Beck-Jost an dréit normalerweis e grousse Lëtzebuerger FÀndel; zu besonnesche Geleeënheete kënnen och aner FÀndelen opgezu ginn.
Ravelin Beck-Jost
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Ravelin Beck-Jost .
Kuckt och
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Um Spaweck
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]|  Commons: Bastioun Beck â Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext Ă€nneren]- â (de) P.J. MĂŒller: Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. An: Jacquemin, Albert. Burgbefestigungen der Stadt Luxemburg. Ăditions Saint-Paul (1971). S 70-72.
- â (fr) Jacob Van Deventer. LVXEMBOVRG // LVTZENBVRGVM, / Ducatus eisudem nominis, vetus / et primaria Vrbs, in superi= / orem & inferiorem situ mira= / bili, vallibus, et praecipitijs / secatur. Castro quondam, et / Benedictorum coenobio Du= / cum oratorio, et sepulturae / nuncupato prestans. Köln: Georg Braun & Franz Hogenberg, 1581. An: Van der Vekene, Emile. Les Plans de la Ville et Forteresse de Luxembourg. Ăditions Saint-Paul (1996).
- â Atlas 149 de Finetti Forteresse de Luxembourg en 1684.
- â (fr) L'hĂ©ritage culturel / Vauban Ă Luxembourg. Ăditions Saint-Paul (2005). S 25.
- â Mersch, François. Luxembourg: Forteresse et Belle Ă©poque. LĂ«tzebuerg (1985). S 13.
- â BrĂ©if vum Chef vun den Travaux publics Sutter un de Chefingenieur vum 9. Oktober 1875. Archives nationales du Luxembourg. Cote FL-438: Proposition pour faire couvrir les Ă©gouts qui passent dans la fausse-braie Jost. DĂ©rasement de la fausse-braie Jost-Beck et comblement du Diamant. Demande du conseil d'administration de la SociĂ©tĂ© des Arquebusiers du 6.7.1875.
- â cf. BrĂ©ifverkĂ©ier tĂ«scht dem Generaldirekter vun den Travaux publics an der Justiz Paul Eyschen an dem Chefingenieur vun den Travaux publics. Archives nationales du Luxembourg. Cote FL-353: Casemates en dessous de la place de la Constitution. (1894)
- â BrĂ©if vum Staatsminister a Generaldirekter vun den Travaux publics, Paul Eyschen, un de Chefingenieur den 31. Oktober 1892. Archives nationales du Luxembourg. Cote FL-388: Transformation en place publique de la fausse-braie Louis Jost, vis-Ă -vis du Casino.