Troublemaker
|
| |
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland |
|
| Produktiounsjoer | 1986-1988 |
| PremiĂšre | 1988 |
| Dauer | 98 min |
| Faarf | Faarweg |
| Format | 1:1,37 |
| Filmformat | 35 mm |
| Originalsprooch |
Lëtzebuergesch DÀitsch |
| Ekipp | |
| Regie | Andy Bausch |
| Dréibuch |
Andy Bausch Jean-Michel Treinen |
| Fotografie | Klaus Peter Weber |
| Musek |
Guy Schmit Matthew Dawson Felix Schaber |
| Schnëtt | Monika Solzbacher |
| Produzent |
Andy Bausch Armand Strainchamps Martin Buchhorn (SR) |
| Produktiouns- gesellschaft |
Visuals SaarlÀndischer Rundfunk |
| Schauspiller | |
|
Thierry van Werveke: Jacques Goudebour alias Johnny Chicago Ender Frings: Chuck Moreno Nicole Max: Jenny Konrad Scheel: Connie Jochen Senf: Erwin die Ratte Marie-Christine Faber: Pechert Fernand Mathes: Giischtjen Marc Olinger: Siggi Jang Defrang Patrick Hastert Patricia Lippert Charées Suberville Serge Wolff | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no LĂ€nner - Film no Genre | |
Troublemaker ass e Spillfilm aus dem Joer 1988 vum lëtzebuergesche Regisseur Andy Bausch mam Thierry van Werveke an der Haaptroll.
De Film, dee wochelaang am Kino gelaf ass, huet dem Andy Bausch a sengem Haaptacteur zu Lëtzebuerg zum Duerchbroch verhollef. E gëtt allgemeng als lëtzebuergesche Kultfilm ugesinn.[1][2][3][4][5][6][7]
Ăm wat geet et am Film?
[Ànneren | Quelltext Ànneren]De Jacques Goudebour, dee gÀr Johnny Chicago genannt gëtt a vun Amerika dreemt, an den Chuck Moreno léiere sech am Prisong am Gronn kennen. Kaum entlooss, organiséiere se sech e Klabes, fir en Iwwerfall op e Geldtransporter ze maachen...
Filmproduktioun
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]De Film ass zu engem groussen Deel am Prisong vum Gronn gedrĂ©int ginn, just nodeem deem seng "PensionĂ€ren" op Schraasseg geplĂ«nnert gi sinn, an Ă©ier d'Gebailechkeeten, an deenen haut de Centre culturel de rencontre Abbaye de NeumĂŒnster ass, restaurĂ©iert goufen. E gouf am Juli 1986 gedrĂ©int.
Ufanks gouf et Schwieregkeete fir de Film ze finanzéieren. Den dÀitsche Cinematograph Klaus Peter Weber, deen den Andy Bausch e puer Méint virdru kenne geléiert hat a beim SaarlÀndischer Rundfunk (SR) geschafft huet, huet d'Kameraaarbecht gemaach an zu Saarbrécken e puer Techniker fir Tountechnik, Beliichtung a Regieassistenz fir drÀi Woche rekrutéiert. Si hunn op dat direkt Ausbezuele vun hire Gage verzicht an ware bereet, eréischt bezuelt ze gi wann de Film Sue géif eraspillen. Mee d'Réimaterial vum Film ass bei de Cheffe vum SR esou gutt ukomm datt den dÀitsche Sender der Filmekipp hir Scholde bezuelt huet, de Rescht vun den Dréiaarbechten d'Joer drop finanzéiert an dÀi dÀitsch Fernseerechter kaaft huet.[8]
Impakt
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Troublemaker war e grousse kommerzielle SuccÚs fir e lëtzebuergesche Film a gouf am Ganze vu ronn 17.000 Leit am Kino gesinn.[9] D'FernseepremiÚre war den 11. Oktober 1988 um dÀitschen ARD.
De Film huet d'KarriÀr vum Andy Bausch a vum Thierry van Werveke lancéiert. E gëllt als ee vun de Filmer, déi zur "Gebuert" vun der professioneller Filmindustrie zu Lëtzebuerg bÀigedroen huet.[10]
1997 huet de Bausch, mat deene selwechten Haaptacteuren, eng Suite, Back in Trouble gedréint. Den drëtten Deel, Trouble No More (2010), huet missen ouni den Haaptacteur Thierry Van Werveke auskommen, well dee kuerz virun den Dréiaarbechte gestuerwen ass.
Troublemaker koum 2002 als VHS-Kassett op de Maart a gouf an deem Joer 138-mol verkaaft.[11] D'Joer drop gouf den DVD 539-mol verkaaft.[12]
Kritik
[Ànneren | Quelltext Ànneren]An der Revue vum 17. Februar 1988 huet de René Clesse geschriwwen:
... ein in vieler Hinsicht gelungenes Machwerk, eine Art flippige Gaunerkomödie, die sich selbst und vor allem Luxemburg auf die Schippe nimmt und in der man - ein absolutes Novum im Luxemburger Film - TrÀnen lachen kann.
De Jean-Pierre Thilges huet den 12. Februar 1988 am Tageblatt geschriwwen:
Andy Bauschs Milieuzeichnung will keineswegs der RealitĂ€t entsprechen, auch wenn die schalen Mauern des GrundgefĂ€ngnisses als stumme Zeugen einer nicht besonders ruhmreichen Vergangenheit in unserem Strafvollzug stehen. Die Faszination von Troublemakers liegt vorrangig in einer kinogerechten Schilderung des GefĂ€ngnisalltags. Erinnerungen an klassische Filme schwingen in den herrlichen Bildern mit und die Klaustrophobie der engen, unzeitgemĂ€ssen RĂ€umlichkeiten ist allgegenwĂ€rtig. Midnight Express und Kuckucksnest lassen grĂŒssen.
Den Thomas Reinhardt vun der SaarbrĂŒcker Zeitung huet de 26. Januar 1988 geschriwwen:
... da geht die Post ab, da ist Feuer drin, Action, Stimmung vor allem und dann die Musik - Spitze.
D'Stuttgarter Nachrichten hunn an hirer Ausgab vum 12. September 1988 gemengt:[13]
Selten lohnt sich zuschauen so wie in dieser Fernsehnacht: Kein 'Trouble', SehvergnĂŒgen war angesagt. Andy Bausch hat sich viel Dialogwitz und inszenatorische KunststĂŒckchen einfallen lassen.
Den Andreas Friedemann vum MĂŒnchner Merkur huet den 2. Juli 1988 geschriwwen:[13]
Schuld und SĂŒhne als komödiantisches Motiv greift Andy Bauschs Film 'Troublemaker' auf. Der Film errinnert in seiner ungehobelten Kraft an frĂŒhe Filme Fassbinders.
Kuckt och
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Um Spaweck
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Referenzen
[Quelltext Ă€nneren]- â Informations- und Presseamt der Luxemburger Regierung: Apropos ... Audiovisuelle Produktionen, 2004, SĂ€it 2
- â Back in Trouble op wuestefilm.de
- â luxembourg.public.lu: 10 luxemburgische Filme die Sie sehen sollten
- â saarbruecker-zeitung.de: Erinnerung an einen Troublemaker vum Martin Rolshausen (11. November 2010)
- â forum.lu: L'homme Ă la casquette vum Viviane Thill, Forum Nr. 215, SĂ€it 39
- â cnc.fr: Cinq films qui ont marquĂ© l'histoire du cinĂ©ma luxembourgeois (22. August 2019)
- â land.lu: By any means possible vum JosĂ©e Hansen (18. Dezember 2003)
- â sr.de: Kameramann Klaus Peter Weber: Dokus und Fiction mit Regisseuren von Rang vum Klaus Peter âKapeâ Weber (net datĂ©iert)
- â alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises, Zuele vum CNA vun 2018
- â paperjam.lu: From Troublemaker to Routine vum Duncan Roberts (3. AbrĂ«ll 2010)
- â Rapport d'activitĂ© du MinistĂšre de la Culture 2002, SĂ€it 208
- â Rapport d'activitĂ© du MinistĂšre de la Culture 2003, SĂ€it 241-242
- 1 2 Gesammelt Pressstëmmen op webartproject.de
