Op den Inhalt sprangen

Serge Tonnar

Vu Wikipedia
Serge Tonnar
Op der FĂȘte de la musique 2011 um Bridel.
Gebuer 3. Februar 1970
Lëtzebuerg
Alter 56 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Jongelycée
Aktivitéit Museker, Filmkomponist, Schrëftsteller, Iwwersetzer
Member vun Blue Screw
Famill
Bestuet mat Sabine Tonnar
Geschwëster Yann Tonnar
Kanner Turnup Tun, Luka Tonnar
WebsÀit https://tonnar.lu/
Serge Tonnar & Legotrip 2017 an der Kufa.

De Serge Tonnar, gebuer den 3. Februar 1970 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museker, Komponist, Schrëftsteller a Schauspiller.

De Serge Tonnar huet seng PremiÚre am Stater Jongelycée gemaach an duerno zwee Joer Journalismus zu Bréissel studéiert. Vun 1993 un huet hien als frÀien a vun 1995 un als feste Mataarbechter beim Radio 100,7 geschafft an donieft Artikelen iwwer Kulturtheeme fir d'Zeitunge Grénge Spoun, Tageblatt a Lëtzebuerger Land geschriwwen. 1997 huet hien ugefaangen sech als onofhÀngege Kënschtler z'etabléieren.

Zanter 1985 komponéiert, schreift an interpretéiert de Serge Tonnar Rockmusek; hien huet mat Gruppe wéi Battaklang, Blue Screw, Claudine Muno and the Luna Boots an Taboola Rasa zesummegeschafft. 2001 huet de Serge Tonnar d'Band Zap Zoo matgegrënnt a mat hir véier Albumen erausbruecht. Och mat der Band Serge Tonnar & Legotrip mécht hien zanter 2003 Musek an huet erfollegrÀich Radiosingele verëffentlecht. 2008 ass donieft nach sÀi Soloalbum PÀrele bei d'Sei erauskomm. Och op verschiddenen anere Projeten ass hie vertrueden; sou huet hie fir d'Kompilatioun Planet Lëtzebuerg Reloaded (2010) d'Lidd Firwat[1] gecovert an um Concert D'Keess op an d'Klacken eraus! (2011) fir d'Fondatioun Thierry van Werveke deelgeholl[2].

1996 huet en do donieft ugefaange fir den Theater ze komponéieren (z. B. Schold & SchÀin vum Claude Mangen, 2009), an zanter 2000 och fir verschidde Filmer, dorënner dem Andy Bausch seng Wierker Le club des chÎmeurs (2002) an Deepfrozen (2006).

An der Theaterzeen ass de Serge Tonnar och Schauspiller, Auteur, Regisseur a Produzent vu lëtzebuergeschsproochege Stécker.

Hien ass Matgrënner vum Artistekollektiv an der Produktiounsgesellschaft MASKéNADA (1995). Do donieft ass hien engagéiert an Etats d'Urgence, a le forum culture(s), an am Mierscher Kulturhaus.

Vun 2008 bis 2012 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise des théùtres professionnels.

Am FlĂŒchtlingskrisejoer 2015 huet de Serge Tonnar zesumme mat der Rita Neu, der Sabine Tonnar an dem Misch Donven de VerĂ€in Mir wĂ«llen iech ons Heemecht weisen[3] gegrĂ«nnt, mam Zil, den interkulturellen Dialog unzekierpen, andeems d'LĂ«tzebuerger den AuslĂ€nner, dĂ©i hei liewen, hir Kultur weisen an Ă«mgekĂ©iert.

2019 koum vun him eng Iwwersetzung vum Lao-Tse sengem Tao Te King (als Buch vum Wee) eraus, eng CD mam Titel Aner Lidder, op dÀr en Iwwersetzunge vu Chansonen a Lidder vu franséisch-, dÀitsch- oder engleschsproochege SÀnger agespillt huet, an eng mat enger neier Opnam, zesumme mam OPL, vum Sergei Prokofjew sengem Pier an de Wollef.

De Serge Tonnar ass de Brudder vum Regisseur Yann Tonnar.

Hien ass de Papp vum Museksproduzent a Rapper Tun Tonnar an dem Rapper Luka Tonnar.

Theater (als Auteur)

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  • 2001: Eat it
  • 2003: All Dag, esou gĂ©int 5 fir 12. E Familliendrama mat Happy End
  • 2003: Schlof, KĂ«nndche schlof
  • 2004: Talk Show
  • 2006: Exit LĂ«tzebuerg
  • 2007: Superstar

Fir Verëffentlechunge mat fréiere Museksgruppen, kuckt wgl. d'Artikelen Zap Zoo a Serge Tonnar & Legotrip.

  • 2008: PĂ€rele bei d'Sei
  • 2019: Aner Lidder
  • 2019 De Pier an de Wollef mam Philharmoneschen Orchester LĂ«tzebuerg
 Commons: Serge Tonnar – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. ↑ D'Originalversioun Firwat? aus dem Joer 2003 ass vun den Gentle MC's.
  2. ↑ wort.lu: „D'Keess op an d'Klacken eraus!“ (23. Oktober 2011; gekuckt de 17. Januar 2014)
  3. ↑ Den Numm ass en Zitat aus dem Lidd De Feierwon vum Michel Lentz.
  4. ↑ Promotion gĂ©nĂ©rale dans les Ordres nationaux 2013 am MinistĂšre de la Culture ArchivĂ©iert den 10.10.2013. Gekuckt de 24.01.2015.