Op den Inhalt sprangen

Scheedgen

Vu Wikipedia
Scheedgen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Scheidgen
de: Scheidgen
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Konsdref
Buergermeeschter Marco Bermes
Awunner 452[1]
  2013
FlÀch 550,3747 ha[2]
Héicht 359 m
Koordinaten 49° 46’ 53’’ N
      06° 21’ 31’’ O

Kaart

Scheedgen ass eng Uertschaft an der Gemeng Konsdref.

Den Numm Scheedgen, dĂ€itsch Scheidgen gĂ«tt ofgeleet vum dĂ€itsche Scheid. Dat ass e Synonym fir BĂ«sch[Quell?]. Also ass Scheedgen e klenge BĂ«sch.[3] Den Numm ass, souwĂ€it wĂ©i dat bis elo bekannt ass, eng Ă©ischt KĂ©ier an engem Dokument vum 13. Januar 1555 beluecht: die scheffen zu Constorff (sagen)
 von der marcken an biß bey das Scheidgen da stehet ein marck,... [4]
Den Toponym Scheedgen funktionéiert am Sproochgebrauch wéi e Flouernumm. Dofir wunnt een och net zu Scheedgen ma um Scheedgen (seelen och op der Scheedgen). Et fiert een iwwert de Scheedgen fir vu Konsdref op Iechternach ze kommen.

Um Scheedge gëtt et zwou Kierchen,

De gréissten Deel vun der Landschaft gehéiert zum Lëtzebuerger Sandsteen. Insele vu Mergel a Stroossener Kallek iwwerdecken dës Steeschicht op den Héichte vum Theinshaff bis bei de Neirodeschhaff, op Juckefeld an an der Leemkaul.[5]

Den alen DuerfkÀr lÀit an der Mull vun der Steebaach.[6] Ronderëm d'Duerf, op den Héichte leie 6 bis 7 EenzelhÀff an Haiser. Nei gebaut gëtt laanscht den CR118, den CR132 an de Rosswénklerwee, déi drÀi Stroossen déi am DuerfkÀr zesummekommen.

Nach relativ jonk als Duerf ass d'Scheedgen op der Gafel vun zwéi Weeër entstanen: deen ee vu Konsdref bis an de Scheedges Bësch, an deen anere vum Scheedgen op Bech. Dat ass dÀitlech op der sougenannter Ferrariskaart aus dem Joer 1777 ze gesinn: en Duerf mam Numm Scheedgen gëtt et 1777 nach net, just zwéin HÀff: Cense Roswinckel an Cense Rodershoff. Se stinn allebéid, jiddweree fir sech an engem Bëschelchen. Donieft weist d'Kaart véier eenzel Haipen um Rees vum Juckebësch / Juckenbusch, ongeféier op Juckefeld, wou haut d'Cité au Bois ass. Déi éischt Haiser vum Duerf wéi et haut existéiert, mussen no 1777 gebaut gi sinn.

D'Vëlospist um Scheedgen
De "Grand Canyon" biergof
D'd'Steebaach
Mëllerdall Trail um CR118

D'Scheedgen lĂ€it an der Klenger LĂ«tzebuerger SchwĂ€iz. Zanter den Alexis Heck d'Iddi vum Tourismus am Land promovĂ©iert huet, huet dĂ©i pittoresk GĂ©igend Joer fir Joer an der Haaptsaach belsch an hollĂ€nnesch Touristen ugezunn. Fir dĂ©i friem GĂ€scht Ă«nnerzebrĂ©ngen sinn am Éislek sou gutt wĂ©i an der Klenger LĂ«tzebuerger SchwĂ€iz eng ganz Rei Hotelsbetriber entstanen.

Um Scheedgen sinn oder waren dat der drÀi.

D'Schmuelspuerstreck Lëtzebuerg-Iechternach genannt de Chareli hat eng Halt um Scheedgen déi aner SÀit vum HÎtel de la Station op der Strooss fir op Konsdref. D'Distanz bis op Iechternach, vun der Scheedges Halt u gerechnet, mécht 5,1 km aus, dovu 4 km duerch de Bësch mat engem GefÀll vun 28 Promille.[7] Nom éischte km geet et duerch de sougenannte Grand Canyon, en Duerchbroch, dee fir de Chareli an de Fiels gesprengt gouf. D'Streck leeft dann am grousse Ganzen nobÀi parallel mat der Baach, déi hei Deisterbaach[8] heescht. E gudde Kilometer nom Canyon krÀizt s' eng Baach ouni Numm an de Wee fir an d'Kalkesbaach. Hei war d'Halt genannt Kalkesbaach.

D'Streck an d'Lauterbuererbaach lafen nach 2 km virun duerch de Bësch bis se um Lauterbuer op d'N11/E29 stoussen.
Zanter 1954 fiert de Chareli net méi. Seng Streck ass haut bei Cyclotouristen bekannt als Vëlospist PC2 (Lëtzebuerg-Iechternach).

Fouss- an Trëppeltier

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  • Circuit AutopĂ©destre C7
Depart am ale Schoulhaff virun der kathoulescher Kierch; Statiounen: Moulbaach an Alrodeschhaff; Distanz: 7km iwwer Stroossen a Feldweeër. En Deel duerch de Bësch. Ouni Problem ze maachen.
D'Scheedge lÀit op der Route 2 vum Mëllerdall Trail.
De Schoulhaff ass och den Depart fir de Sentier Fred Welter, dee mat engem grousse Plang komplett beschriwwe gëtt.
  • Et gĂ«tt 3 Ă«ffentlech Linne fir an d'Stad dĂ©i mĂ©i oder manner am Stonnentakt fueren: d'110, d'111 an d'401. DĂ©i zerwĂ©ieren allerdĂ©ngs nĂ«mmen de MĂ©chelshaff, d'KonsdrĂ«ffer KrĂ€izstrooss oder KonsdrĂ«ffer Gare. Fir heem hĂ«lt een den Direkt bei der Charlys-Gare an der Stad iwwer de MĂ©chelshaff op Iechternach oder deen aneren iwwer Konsdref a BĂ€erdref op Iechternach. A bĂ©ide FĂ€ll bleift dann e StĂ©ck Wee vu gutt zwĂ©i Kilometer zu Fouss bis heem.
  • Um Site vun der MobilitĂ©itszentral kann ee sech e persĂ©inleche Plang fir d'Linn 112 opstelle loossen. Eng Rees an d'Stad dauert tĂ«scht 47 Min an anerhallwer Stonn, dat hĂ€nkt dovun of, op ee mam Bummelbus oder mam Direkt fiert a wou een an der Stad erausklĂ«mmt. Conclusioun: d'Scheedgen ass a Punkto MobilitĂ©it net verwinnt.[9].
  • D'Linnen 113, 472 a 481 gi reng fir de Schoultransport agesat.
 Commons: Scheedgen – Biller, Videoen an Audiodateien
  1. ↑ Statistik Gemeng Konsdref
  2. ↑ D'DonnĂ©eĂ«n, dĂ©i d'FlĂ€ch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wĂ©i s'an dĂ«sem Artikel stinn, entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  3. ↑ Joseph Hess: Altluxemburger DenkwĂŒrdigkeiten, BeitrĂ€ge zur Luxemburger Kultur- und Volkskunde, Luxemburg 1964, Buchdruckerei P. Linden; S. 39, Flurnamentypen.
  4. ↑ Nikolaus Majerus, Die Luxemburger Gemeinden, nach den WeistĂŒmern, LehenerklĂ€rungen und Prozessen, Bd.II. SS.447/448: Scheffenweistum von Consdorf
  5. ↑ Biotopkartierung der Gemeinde Consdorf, Februar 1994, Oekofonds, 6, rue Vauban, L-2663 Luxemburg, S. 32
  6. ↑ Biotopkartierung, S. 32
  7. ↑ Ed Federmeyer, Schmalspuerbahnen in Luxemburg Bd. 1, Groupement des Amis du Rail (G.A.R.) a.s.b.l. BP 513 L-2015 Luxembourg
  8. ↑ Biotopkartierung, S. 33
  9. ↑ Als Exempel de Plang fir de Mount Mee 2011 vun der Linn 112.