Op den Inhalt sprangen

Ohn

Vu Wikipedia
Ohn
Vue op Ohn
An anere Sproochen fr: Ahn
de: Ahn
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Wuermer
Buergermeeschter Claude Pundel
Awunner 198
  01.01.2012
Koordinaten 49° 37’ 41’’ N
      06° 25’ 20’’ O

Kaart

Ohn, fréir och On, ass eng Wënzeruertschaft an der Gemeng Wuermer.

Si lÀit mam ënneschten Deel vun der Uertschaft laanscht der Musel an der Nationalstrooss 10. Vun der Musel, op enger Héicht vun 140 Meter, zitt d'Uertschaft sech no Westen duerch den Dall vun der Donwer Baach bis op eng Héicht vun 200 Meter.

Ausser der Nationalstrooss ass Ohn un de Verkéier ugeschloss iwwer den CR142, dee vum Potaschbierg iwwer Fluessweiler féiert an zu Ohn op d'N10 stéisst.

D'Uertschaft Ohn (Ahn), ass fréier och nach Aen oder Ayn genannt ginn.
Den Numm Ahn staamt, Etymologen no, aus dem Kelteschen, Anam am laténgesche paludem also eng Supp, déi d'Donwer Baach, op der nach net bebauter Plaz vum haitegen Duerf, gebilt hat.
Bei verschiddenen Ausgruewunge goufen Iwwerreschter aus der RéimerzÀit fonnt, déi op eng réimesch Presenz an dÀr Géigend hiweisen. Beim Bau vun engem Haus war 1873 e réimescht Graf mat enger Urn, an 1875 e Millesteen an de Wéngerten tëscht Ohn a Meechtem frÀigeluecht ginn. Enn 1970 beim Bau vun der Strooss tëscht Ohn a Meechtem koumen an den HÀng Reschter vun engem réimesche Bad zum VirschÀin. Ruinen um PÀllembierg an de Réimesche Schatz vu Meechtem-Ohn si méi rezent Beweiser.

Dokumentaresch gĂ«tt den Haff Ohn, „Curia de Ana“, fir d'Ă©ischt am Mee 1245 ernimmt. Et ass en Testament vum Alexander, HĂ€r vun Zolwer, an deem e festleet, datt seng zwĂ©in Neveuen, d'Ritteren Anselm an Dietrich, no sengem Doud, Recetten, iwwer 200 Metzer PĂ«nner, aus der Ierfschaft vun den HĂ€ff, Ohn, Fluessweiler, TĂ©iteng, Keel an der Kuer, aarme Leit iwwerloosse mussen. Den Zolwer HĂ€ren hir Muselgidder waren Domaine vun de Grofe vu LĂ«tzebuerg, dĂ©i als Vogt vum Äerzbistum TrĂ©ier gewierkt hunn. Dofir gĂ«tt ugeholl, datt dĂ©i och virdru BesĂ«tzer vun Ohn waren.

D'Nimm vun ettlechen Eegentemer vun der Uertschaft am Laf vun den nÀchsten Dekade gëtt duerch verschidde Schrëftstécker dokumentéiert:

Sou am Januar 1358, wou den Herzog Wenzel I. vu Lëtzebuerg, Gréiwemaacher en éiwege Wochemaart zougesteet. Vertrieder vun den 41 Dierfer aus dem BerÀich vum Geriichtszentrum Gréiwemaacher, ënner anerem Ohn, hunn obligatoresch missen donneschdes um Maart vertruede sinn.

Duerch den Akt vum 9. Juli 1376 verkeeft den Heinrich, HÀr vu Lampech a seng Fra d'Sophia vun Zolwer dem Ludwig vu Maacheren, Probst zu Lëtzebuerg, d'Dierfer Fluessweiler an Ohn. Aner dokumentéiert Besëtzer waren deelweis Membere vun den Herrschafte vun Doosber, Réiser, Hamm a Gréiwemaacher. No enger Peschtepidemie 1545 gëtt Ohn 1552, wéi och vill aner Miseler Uertschaften, vum Kinnek Henri II. vu FrankrÀich sengem Alliéierten, dem Markgrof Albrecht von Brandenburg, zerstéiert. 1596 ass et eng riseg Iwwerschwemmung, déi d'Ohner péngegt.

De 17. Oktober 1626, an der ZÀit wou d'Herrschaft vu Wëncher d'Soen hat, kritt den Haff Ohn, op Virschrëft vum Conseil Provincial zu Lëtzebuerg, sÀin eegent Gewunnechtsrecht, och Weistum genannt.

Op Uerder vun der Keeserin Maria Theresia vun ÉistrĂ€ich gĂ«tt 1766 eng Opzielung vun alle Gidder am Herzogtum LĂ«tzebuerg gemaach. D'LĂ€nnereien hu sech dee Moment sou zesummegesat:

Hektar
Akerland111,20
Wéngerten8,65
GĂ€ert a Bongerten3,53
Wisen a Weeden1,92
Bëscher an Hecken108,22
Broochen0,42
Total233,94

DobÀi kënnt nach eng Millen an 19 Haiser mat 105 Awunner. Et fÀlt op datt et an dëser ZÀit nëmmen drÀi Wéngerten zu Ohn gouf, op der Uet, am Hang an um PÀllembierg. Ohn war éischter e Bauere- wéi e Wënzerduerf.

De WĂ€ibau zu Ohn

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Enn 19. ufanks 20. Joerhonnert, an der ZĂ€it, wou LĂ«tzebuerg zum DĂ€itschen ZollverĂ€in gehĂ©iert, hĂ«lt de Wuelstand zou. Vill WĂ€in an Drauwe ginn iwwer d'Grenz an DĂ€itschland exportĂ©iert. Dat war haaptsĂ€chlech Elbling, deemools och Kleinbeeriger genannt. D'Rieslingsdrauf ass dĂ©i ZĂ€it nach extreem rar. Vun 1932 un gĂ«tt erĂ©ischt Muskat a GewĂŒrztraminer ugebaut. D'Preisen hunn den Ă©ischter saierzege lĂ«tzebuergesche WĂ€i fir d'Fabrikatioun vun hirem Sekt benotzt. Och dĂ©i Ohner selwer hunn ufanks dem 20. Joerhonnert ugefaangen den Ă©ischte Schampes ze produzĂ©ieren. Kaarte vun der Ackerbauverwaltung aus dem Joer 1910 weise fir Ohn a Meechtem zesummen 190 Hektar Akerland an 170 Hektar WĂ©ngerten. D'Awunnerzuel vun Ohn geet op 400 Leit erop. Vill vun den haitege WĂ«nzerhaiser, dĂ©i nei Kierch an de Kierfecht ginn an dĂ€r ZĂ€it gebaut.

Nom Éischte Weltkrich, nom Enn vum DĂ€itschen ZollverĂ€in kĂ«nnt et zu enger Kris am WĂ€ibau, dĂ©i bis wĂ€it nom Zweete Weltkrich dauert. Zu Ohn wĂ©i op der ganzer Musel spillt d'Landwirtschaft erĂ«m grad sou eng grouss Roll wĂ©i de WĂ€ibau. D'WĂ«nzer mierken datt si nĂ«mme mĂ©i eng Chance hunn, wa se mĂ©i op d'QualitĂ©it wĂ©i op d'QuantitĂ©it setzen. Dofir kĂ«nnt et zu Ohn schonn an de Fofzegerjoren zu frĂ€iwĂ«llege Regruppementer vu klenge Parzellen duerch Tosch. Sou ass et normal datt, de Remembrement vun den Ohner WĂ©ngerten den Ă©ischten ass, deen nom Remembrementsgesetz vum 25. Mee 1964, realisĂ©iert gĂ«tt. Fir dĂ«se Remembrement ze verwierkleche muss dĂ©i ganz Zon ageriicht ginn. Bei den Aarbechten, dĂ©i mĂ©i wĂ©i 5 Joer dauere muss Buedem transportĂ©iert a planĂ©iert ginn, StĂ«tzmaueren an nei WeeĂ«r gebaut ginn, Waasserleitungen Ă«mgeluecht ginn, fir e Gesamtbetrag vun 156 Millioune Frang. Dat deelweis Planze vun neie Riewe kascht nach emol 618.000 Frang pro Hektar, woubĂ€i den Nationalen Agrarfong a BrĂ©issel, dĂ€r extra dofir gegrĂ«nnte Riewenubau Genossenschaft, e groussen Deel bĂ€ileet. D'Resultat ass:

Virum RemembrementNom Remembrement
Parzellen1.809347
Duerchschnëttlech Gréisst
vun de Parzellen
7,20 Ar37,50 Ar
Weeër2,1 Km4,5 Km

Déi wichtegst Wéngerten zu Ohn:

  • Gellebour
  • Palmberg
  • Pietert
  • Vogelsang