Mario Mutsch
| Mario Mutsch | |
|---|---|
| Gebuer |
3. September 1984 Sankt Väit |
| Alter | 42 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller |
| Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
| Gréisst | 173 cm |
| Gewiicht | 74 kg |
| Veräin/Ekipp |
Alemannia Aachen, FC Metz, FC Aarau, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, Progrès Nidderkuer |
|
| |
De Mario Mutsch, gebuer den 3. September 1984 zu Sankt Väit, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballstrainer.[1]
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Foussball am Veräin
[änneren | Quelltext änneren]De Mario Mutsch huet e lëtzebuergesche Papp mat Virfare vun Aasselbuer an eng belsch Mamm. Hien ass zu Sankt Vith am däitschsproochegen Deel vun der Belsch opgewuess.[2] Wärend senger Kandheet huet de Mutsch beim FC St. Vith gespillt ier hie bei de KFC Olympia Recht gewiesselt huet an do fir d'éischt am Alter vu 16 Joer an der 1. Ekipp gespillt huet.[2] Nodeems e bei Royal Spa FC an RFC Union Kelmis gespillt huet, ass de Mario Mutsch am Summer 2006 bei déi zweet Ekipp vun Alemannia Aachen gewiesselt. Well hien do kee Profi-Kontrakt krut, ass hien ee Joer méi spéit an d'Schwäiz geplënnert fir an der Super League fir den FC Aarau ze spillen. De Mutsch gouf vum Jeff Saibene rekommendéiert, deen deemools Co-Trainer vum FC Thun war. De Mario Mutsch koum zwee Joer regelméisseg fir den FC Aarau zum Asaz, an huet dono fir weider zwee Joer fir den FC Metz an der franséischer Ligue 2 gespillt. Dono goung hien zeréck an d'Schwäiz, wou en e Kontrakt mam FC Sion ënnerschriwwen hat, an dono mam FC St. Gallen, wou de Jeff Saibene dunn Trainer war. 2015 gouf de Josef Zinnbauer Chef Trainer, an de Mutsch huet seng regulär Plaz verluer. Den 1. Juli 2017 huet hien e Kontrakt fir Trainer mam FC Progrès Nidderkuer ënnerschriwwen.[3]
Karriär an der Nationalekipp
[änneren | Quelltext änneren]Den 8. Oktober 2005 huet de Mario Mutsch bei der 1:5-Néierlag a Russland ënnert dem Trainer Guy Hellers säin éischten offizielle Lännermatch gespillt.
Den 19. November 2008 huet hien am Frëndschaftsmatch géint säi Gebuertsland Belsch säin éischte vun insgesamt 4 Goler fir d'Rout Léiwe geschoss.
Vun 2011 bis 2018 war hie Kapitän vun der Nationalekipp, fir déi hie bis 2019 am Ganzen 101 Lännermatcher gespillt huet. Mat sengem 99. Asaz gouf hien den 11. September 2018 Rekordnationalspiller vu Lëtzebuerg, andeems hien de Jeff Strasser (98 Asätz) iwwerholl huet. De 26. Mäerz 2024 gouf de Mario Mutsch vum Laurent Jans als Rekordnationalspiller ofgeléist.[4]
Statiounen als Spiller[5]
[änneren | Quelltext änneren]Als Amateur
[änneren | Quelltext änneren]- 1998-2002: FC Olympia Recht (Belsch)
- 2002-2005: RFC Spa (Belsch)
- 2005-2006: RFC Union La Calamine (D3, Belsch)
- 2006-2007: Alemannia Aachen (Oberliga, Däitschland)
- 2017-2019: FC Progrès Nidderkuer
Als Profi
[änneren | Quelltext änneren]- 2007-2009: FC Aarau (D1, Schwäiz)
- 2009-2011: FC Metz (D1, D2 Frankräich)
- 2011-2012: FC Sion (D1, Schwäiz)
- 2012-2017: FC St. Gallen (D1, Schwäiz)
Statiounen als Trainer
[änneren | Quelltext änneren]- 2019: FC Progrès Nidderkuer (Interim)
- 2019-2021: Lëtzebuergesch U15-Foussballnationalekipp
- 2021-2022: Lëtzebuergesch U17-Foussballnationalekipp
- 2019-2026: Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp (Co-Trainer)
- 2026-elo: FC Metz (Co-Trainer)
Trivia
[änneren | Quelltext änneren]- Ausserhalb vum "grousse" Sport huet de Mutsch als Automecanicien geschafft[6].
- Tatsächlech huet de Mario Mutsch esouguer 102 Lännermatcher gespillt; well de belschen Nationaltrainer Marc Wilmots am Frëndschaftsmatch géint Lëtzebuerg de 26. Mee 2014 awer eng Auswiesslung méi gemaach huet wéi erlaabt, gouf dëse Match vun der FIFA net als offizielle Lännermatch gewäert.[7]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Portrait vum Mario Mutsch op der Websäit vun der UEFA Archivéiert den 03.08.2016. Gekuckt de 16.10.2011.
- 1 2 Dan Elvinger und Christophe Junker "'Ciao, Mario!' Rekordnationalspieler beendet am Sonntag gegen Madagaskar seine Karriere". Tageblatt, 31.05.2019.
- ↑ (de) Loher, Patricia, "Mutsch wäre gerne geblieben.<2. Tagblatt. CH Media Holding AG (27.05.2017). Gekuckt de 07.05.2020.
- ↑ (de) D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Mario Mutsch op transfermarkt.de. www.transfermarkt.de. Gekuckt den 13.02.2025.
- ↑ De Portrait vum Mario Mutsch op der Websäit vun National Football Teams
- ↑ http://www.tageblatt.lu/meinung/kommentar/ein-vorbild-mario-mutsch-beendet-karriere/
- ↑ (de) Fifa erkennt belgisches Länderspiel nicht an. Süddeutsche.de (04.06.2014). Gekuckt den 13.02.2025.
