Op den Inhalt sprangen

Lycée de garçons de Luxembourg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) LGL)
Lycée de garçons de Luxembourg
De Jongelycée um Lampertsbierg
Jongelycée
LGL
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Leedung Frank Eyschen
SchĂŒlerzuel 965
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministùre fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 1892
Koordinaten 49°37'11"N, 6°7'17"O
Um Spaweck http://www.lgl.lu

De Lycée de garçons de Luxembourg, kuerz LGL an op Lëtzebuergesch dacks einfach (Stater) Jongelycée genannt, ass eng ëffentlech Secondairesschoul um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg.

E lÀit um Lampertsbierg just nieft der Kierch a steet tëscht der Avenue Victor Hugo an der Avenue Pasteur. Direkt donieft steet och d'Lampertsbierger PrimÀrschoul Henri VII a virum Lycée ass d'Auguste Laurent Plaz.

De Lycée de garçons war fréier allgemeng ënner dem Numm Industrieschoul bekannt.

D'Industrieschoul ass mam Gesetz vum 18. MĂ€erz 1892 vum Stater KollĂ©isch getrennt ginn a krut eng eegen Direktioun[1]. De Gustave Zahn, Directeur adjoint vum KollĂ©isch, gouf den 3. Oktober 1892 mat der Direktioun vun der neier Schoul chargĂ©iert. Deemools gouf et 26 Professeren an 289 SchĂŒler, opgedeelt a 6 Industrie-, 3 Commerceklassen an d'Cours supĂ©rieurs fir NaturwĂ«ssenschaften, Physik a Mathematik.

De 25. Mee 1894 krut de Gustave Zahn d'Nominatioun als Direkter. D'Industrieschoul mat hire KlassesÀll ass och no dëser Trennung nach am Gebai vum Kolléisch an der Uewerstad bliwwen.

Duerch d'Gesetz vum 23. Mee 1904 gouf de Bau vun engem neie Gebai fir d'École industrielle et commerciale de Luxembourg festgeluecht[2]. Heifir gouf e Concours ausgeschriwwen, deen den Architekt-Ingenieur Gustave Serta gewonnen huet.
1908 ass d'Schoul, mat hiren deemools 409 SchĂŒler, an hiert neit Gebai um Lampertsbierg komm.

WĂ€rend dem Zweete Weltkrich am August 1941 gouf een Deel vun de SchĂŒler aus dem KollĂ©isch an d'Industrieschoul verluecht, an eng sougenannt Goetheschoul, Staatliche Oberschule fĂŒr Jungen, gouf am selwechte Gebai geschaf, an dĂ€r och LatĂ€in enseignĂ©iert gouf. D'Industrieschoul selwer gouf a Staatliche Limpertsberg-Oberschule fĂŒr Jungen Ă«mbenannt. Nom Krich blouwen d'Section moderne mat 6 Joer an d'Section latine mat 7 Joer Studium bestoen. 1945/1946 hat d'Schoul iwwer 1.000 SchĂŒler mat 64 Professeren.

Duerch d'Groussherzoglecht Reglement vum 28. AbrĂ«ll 1945 gouf d'Schoul vun « École industrielle et commerciale de Luxembourg » an « LycĂ©e de garçons de Luxembourg » Ă«mbenannt[3].

Den 28. November 2017 gouf d'Gebai op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen[4].

  • 1892-1894: Gustave Zahn (Direkter ff)
  • 1894-1906: Gustave Zahn
  • 1906-1916: Nicolas Philippe
  • 1917-1917: François Manternach
  • 1917-1940: Gustave Faber
  • 1945-1945: Gustave Faber
  • 1945-1955: Paul Thibeau
  • 1955-1961: Alphonse Willems
  • 1961-1971: Henri Thill
  • 1971-1988: Édouard Simon
  • 1989-2005: Jean-Paul PĂŒtz
  • 2005-2016: Bernard "Benn" Schroeder
  • 2016- : Frank Eyschen

Am Zweete Weltkrich, gouf d'Direktioun vun der Schoul vum Joseph ("Josef") Foos iwwerholl.

Bekannt Professeren

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Bekannt SchĂŒler

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
 Commons: LycĂ©e de garçons de Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext Ànneren]
  1. ↑ (fr) Loi du 28 mars 1892 concernant la sĂ©paration du gymnase et de l'Ă©cole industrielle de l'AthĂ©nĂ©e et l'organisation de cette Ă©cole (28.03.1892). Gekuckt de 25.09.2022.
  2. ↑ (fr) Loi du 23 mai 1904, concernant la construction d'une Ă©cole industrielle et commerciale Ă  Luxembourg. legilux.lu (23.05.1904). Gekuckt de 25.09.2022.
  3. ↑ (fr) ArrĂȘtĂ© grand-ducal du 28 avril 1945, portant nouvelle dĂ©nomination de l'enseignement moyen, des Ecoles industrielles et commerciales et des diplĂŽmes de maturitĂ© et de capacitĂ©. legilux.lu (28.04.1945). Gekuckt de 25.09.2022.
  4. ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bĂ©nĂ©ficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 4. August 2026).