Op den Inhalt sprangen

Gjilan

Vu Wikipedia
Gjilan
Land Kosovo
Awunner 82.980
  5. Abrëll 2024
Fläch 515 km²
Héicht 508 m
Koordinaten 42°28'N, 21°28'O
Postcode 60010
Websäit http://kk.rks-gov.net/gjilan

Gjilan (op Albanesch: Gjilan oder Gjilani, op Serbesch: Gnjilane oder Гњилане) ass eng Gemeng am Oste vum Kosovo. Si besteet aus der Stad mam selwechten Numm an 42 klengen Dierfer.

Gjilan huet 82.980 Awunner (Stand 5. Abrëll 2024)[1]. Der Vollekszielung 2011 no sinn d'grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung ethnesch Albaner (97%), virun den Tierken an de Serben. Dowéinst sinn d'offiziell Sproochen an der Gemeng Albanesch, Serbesch an Tierkesch.[2]

Virum Krich am Joer 1999 hunn an der Gemeng ronn 25.000 kosovaresch Serben a 6.000 kosovaresch Roma gelieft. Obwuel an de leschten zéng Joer e puer vun hinnen zeréckkomm sinn, ass d'Majoritéit deplacéiert bliwwen.[2]

Ethnesch Kompositioun (2011)[2]
Awunner Zuel Prozent
Albaner 87.814 97,37%
Tierken 978 1,08%
Serben 624 0,69%
Roma 361 0,40%
Bosnier 121 0,13%
Gorani 69 0,07%
Ashkali 15 0,01%
Egypter 1 /
Anerer 95 0,10%
Net spezifiéiert 100 0,11%

Bis an d'Joer 1999 war Gjilan e wichtegen Industriezentrum mat enger Rei profitabele Fabricken, vun deenen ënner anerem d'Tubaks- an d'Heizkierperfabricken iwwerlieft hunn.

 Commons: Gjilan – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. 1 2 3 Presentatioun vun der Gemeng um Site vun der OSCE (gekuckt den 19. Juli 2017)