Dunn
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bauelement. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Dunn (Homonymie). |

Eng Dunn ass e Bauelement, dat aner Bauelementer, dréit oder stäipt.
Dunne kënnen zum Beispill aus Holz, Stol, oder Stolbëton sinn.
Hëlzen Dunne kënnen als Ronnholz gebraucht ginn. Wa s'op de véier Säite geschnidde sinn, da gi se zu de Kanthëlzer gerechent, a wa se nëmmen op zwou Säite geschnidde sinn, da si se geflitscht.
Bei stolen Dunne gëtt gewéinlech vun engem Träger geschwat. E bekannt Beispill dofir ass de Grey-Träger deen zu Déifferdeng gewalzt gëtt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Dunnen – Biller, Videoen oder Audiodateien |