Op den Inhalt sprangen

Charles Peffer

Vu Wikipedia
Charles Peffer
Gebuer 27. November 1881
Gilsdref
Gestuerwen 6. Juni 1958
Gilsdref
Alter 76 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Steemetzer
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Member vun der Assemblée consultative vun 1945

De Charles Peffer, gebuer de 27. November 1881 zu Gilsdref, an do gestuerwen de 6. Juni 1958[1], war e lëtzebuergesche Steemetzer, Handelsvertrieder a Politiker[2].

Hie gouf bei de partielle Chamberwale vum 6. Juni 1937 als Deputéierten am Walbezierk Norden fir d'Rietspartei an d'Chamber gewielt.[3]

Den Deputéierte Charles Peffer gouf den 1. Juli 1943 vun den Däitschen op Schlauphof deportéiert[4].

Nodeems hien 1945 Member vun der Assemblée consultative war, gouf hie bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 als Deputéierte fir de Groupement patriotique et démocratique an d'Chamber gewielt.[5]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (fr) Doudesannonce vum Charles Peffer. viewer.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (7. Juni 1958). Gekuckt den 1. September 2024.
  2. ↑ De Charles Peffer op www.deltgen.com
  3. ↑ SUFFRAGES OBTENUS PAR... In: Luxembourg (1935), 3. Jg., nº 161 (10.06.1937), p. 2 [Digitised by the National Library of Luxembourg], nogrkuckt: 2023-12-02.
  4. ↑ De l'épuration au Grand-Duché de Luxembourg après la seconde guerre mondiale vum Paul Cerf bei Éditions Imprimerie St-Paul S. A. Luxembourg Säit 118
  5. ↑ "La composition de la Chambre des Députés depuis 1944." Compte-rendu des travaux de la Chambre des députés du Grand-duché de Luxembourg. Session ordinaire 2012-2013 du 9 octobre 2012 au 7 octobre 2013. édité par l’Administration parlementaire, S.88-95.
  6. ↑ Memorial A N°10 vun 1950 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen