Op den Inhalt sprangen

Caroline Mart

Vu Wikipedia
Caroline Mart
Gebuer 10. Oktober 1960
Lëtzebuerg
Alter 66 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalistin, Animatrice, Redaktesch
Famill
Bestuet mat Richard David Precht
Papp Marcel Mart

D'Caroline Mart, gebuer den 10. Oktober 1960 zu Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Journalistin.

Si war zanter dem September 2007 stellvertriedend Chefredaktesch vun RTL Télé Lëtzebuerg.

D'Caroline Mart huet zanter 1985 bei RTL geschafft a war noeneen, Journaliste-Presentatrice um Radio an dunn op der Tëlee, Responsabel fir d'Kultur a Chef fir d'Informatioun[2].

Si huet vun 2007 un all 14 Deeg d'Televisiounsemissioun Kloertext moderéiert, eng Talkshow iwwer gesellschaftlech Theemen an och soss alt politesch Table rondë mat Invitéen am Studio. Am Ganze waren dat knapps 350 Emissiounen.[3]

Den 19. Abrëll 2026 ass si an d'Pensioun gaangen, no der Emissioun vum Télévie, déi si nach moderéiert huet. Mat hir goung och d'Sendung Kloertext "an d'Pensioun"[4].

Si ass d'Duechter vum DP-Politiker Marcel Mart.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ G. Hausemer: Luxemburger Lexikon. Luxemburg 2006, S. 285.
  2. ↑ "Réorganisation chez RTL Lëtzebuerg" Presse-Communiqué vum 13.09.2007, erëmginn op paperjam.lu
  3. ↑ D'Madamm Kloertext geet an d'Pensioun, op Radio 100,7, 24.04.2026 mam Maurice Molitor, gekuckt de 26.04.2026.
  4. ↑ Pierre Weimerskirch, Sonndesinterview mam Caroline Mart, "Ech ginn an d'Pensioun, mee ech bleiwe Journalist". rtl.lu (19.04.2026). Gekuckt den 19.04.2026.
  5. ↑ 17.06.2016 - 23 Journalisten in nationalen Verdienstorden ausgezeichnet um Site vum Conseil de Presse